Aktuelles


SchweessHond Statioun

Hei eng kleng Erënnerung vun eisen Kolleegen vun der Schweesshond Statioun fir déi bevirstoend Klappjuegdsaison.


Online AG 2021

 

Léif Passioun Juegd Memberen,

 

vir dass mir och dëst Joer kennen eng AG ofhalen hunn mir den 22. September um 20h eis Online AG geplangt, sou dass och jiddereen ganz spontan an onkomplizéiert iwwert dësen Link bäitrieden kann.

 

 

Versammlung Bäitrieden!

 

 

mir freeën eis iwwert ären Besuch.


Kandidatur Opruff

Léif Passioun Juegd Memberen,

 

No enger längerer gezwongen er Dreschen Phase, sinn mir frou geschwënn nees kennen hoffentlech, ouni grouss Aschränkungen duerch ze starten.

Dofir sichen mir Verstäerkung an eisem Comité.

 

Bas du Jeeër, oder mam Permis amgaangen?

Bas du motivéiert, dech an deng Passioun, d' Juegd no baussen ze droen?

Dann bass du bei eis genau richteg.

Dann schéck eis den Kandidatur Formular bis spéitstens den 18. Juli 2021 op eis E-Mail: info@passiounjuegd.lu

 

Mir freeën eis op deng Kandidatur

 

 


Memberskaart ab dem 01.10.20 fir den Recht vum Joer fir 10 EURO

Fir déi, déi dëst Joer nach keng Memberskaart bei eis geholl hunn, krit Dir déi ab dem 01. Oktober 2020 schonn fir 10 EURO, fir den Recht vum Joer. Fir nach vun den Aktiounen vun eisen Partner ze profitéieren.

 

Weider Informatiounen fir Member ze ginn, an och iwwert eis Partner fannt Dir ënnert dësem Link: 

 

 

 


4. Generalversammlung

Passioun Juegd seet jidderengem Merci deen den 29.02.2020 op eiser 4. Generalversammlung war.

 

En groussen Merci dem Roy, fir säin gudde Kascht.

 

An virun allem dem Jaans Alain an dem Claas Niehues fir hier interessant Virträg.

 

Bedauerlecherweis huet den Kieffer Andy demissionéiert.

Mee eisen Comité gouf mam Dahm Ben beräichert.

Soss bleift alles beim alen.

 

Merci eisen Memberen, déi eis trei bliwwen sinn. Mir freeën eis schonn fir dëst Joer esou, an och nach besser weider ze fueren ewéi dat läscht Joer.


RTL Interview

Hei den Link fir den klengen Interview deen eis Presidentin Wolff Liss mam RTL Radio hat, iwwert Juegd an Juegd am Social Media Beräich.

 


4. Generalversammlung

Passioun Juegd invitéiert Iech häerzlech op hier 4. Generalversammlung.

Samschdes den 29. Februar 2020 um 17:30 auer zu Buerschent beim Roy.

Fir Iessen kennt Dir Iech beim Roy umellen.

 

 


Memberskaart 2020

Eis Memberskaarten fir Joer 2020 sinn elo disponibel.

Ma wéi gitt Dir Member?

Ganz einfach, iwwerweist 20 € op eis NEI Kontosnummer.

- LU79 0030 4600 0464 0000 (BGL BNP Paribas - BGLLLULL)

- Numm, Adress an Email onbedéngt vermierken

- Wann d' Suen op eisem Kont agaangen sinn, krit Dir är perséinlech    Memberskaart Heem gescheckt.

 

All Virdeeler déi Dir als Member vun Passioun Juegd hutt, fannt Dir hei ënnert "Member ginn".

 


Don un fleegestatioun fir wëll Déieren

Den 1. Weekend am Oktober waren mir um Bëschfest um Burfelt, an do haten mir en Podium gebaut, deen uschléissend versteet gouf.

 

Duerch déi Stee kruten mir 140€ eran, an dobäi huet Passioun Juegd dann nach 60€ drop geluecht.

 

Sou dass mir 200€ un Fleegestatioun fir wëll Déieren vun Diddeleng gespent hunn.

 

 

 

 


Onlineshop

 

Leif Memberen,

 

Endlech ass et esou wäit, an mir sinn houfreg Iech kennen eisen Onlineshop virzestellen.

 

Fann Dir eng Bestellung wéilt maachen, muss Dir alles gutt duerchliesen.

 

Hei kennt Dir Bestellungen maachen, an op eis Pick up Statiounen sichen goen.

 

Also gitt bei der Adresse net är Adress un, mee Adresse vun der Pick up Statioun.

 

Bei den PSS Jacketten dauert et allerdéngs ëmmer puer Wochen bis dir se kënnt sichen goen, well déi reicht mussen bestallt ginn.

Natierlech gitt Dir do per Mail benoriichtegt. 


Bëschfest 2019

 

En groussen Merci un jiddereen deen eis dëst Joer um Bëschfest besicht huet.

An natierlech och en groussen Merci un Bûcherons du nord, déi dat wonnerbart Fest iwwerhaapt erméiglechen.

 

Mir waren mat eisem Infostand vertrueden, wou mir eis nei PSS Jacketten konnten virstellen.

Ausserdeem konnten eis kleng Bëschfrënn sech bei eis schminken loossen.

 

Op eisem Holstand ass en Podium gebaut ginn, deen Sonndes dann och versteet gouf. An den Erléis vun 140 € geet un Fleegestatioun fir wëll Déieren, dobäi leet Passioun Juegd dann och nach 60 € drop. 

 


Journées de la chasse et de la forêt 2019

Den 14.-15.09.19 waren och mir op der Journées de la chasse et de la forêt zu Nidderfeelen vertrueden.

 

Mir soen jidderengem Merci, deen eis op eisem Stand besicht huet.

 

Et war ewéi all Joer en flotten Weekend mat neien an och alen Bekanntschaften.

 

Dermadder dann och en groussen Merci der Armurerie Frauenberg fir hier Aarbecht an Organisatioun.


Schéisskino Großkampenberg 2019

Och dëst Joer invitéieren mir eis Memberen fir mat an den Schéisskino op Großkampenberg.

- Memberen 10 EURO (Munitioun kann een op der Platz kafen, an ass net am Präis mat drann)

 

 

 

 

 


Fest vun der Natur 2019

 

 

Vum 15.6-16.06.2019 war Passioun Juegd mat engem Stand um Fest vun der Natur.

 

Merci jidderengem deen eis besicht huet. An den Gewënner vum Rootspill an dem Juegdquiz vill Freed mat hiren Saachen.

 

 


Froen an äntwerten zur Juegd

Passioun Juegd krut Froen gestalt zum Thema Juegd, dat vun der Europawahl Kandidatin Brisbois Tessy vun der ADR.

 

Dëst ass KENG Politesch Ennerstëtzung, well mir als onofhängegen Veräin, onpolitesch sinn.

 

Mee eis waren déi äntwerten awer wichteg. Villen Leit feelt et un korrekter an op Fakten baséierender Opklärung, an fann nëmmen puer Leit dëst liesen, dann huet et sech gelount.

Download
Fro an äntwert.pdf
Adobe Acrobat Dokument 194.4 KB

Aussergewéinlech Generalversammlung 2019 + neie Comité

Passioun Juegd seet jidderengem Merci deen den 27. Abrëll 2019 op eiser aussergewéinlecher Generalversammlung zu Buurschent beim Roy war. Mat engem nei gewielten Comité kenne mir elo mat frëschem Wand an neien Iddien duerch starten.

En Merci geet och un den Roy, deen eis all Joers säin Sall zur Verfügung stellt, an eis mat leckerem Iessen versuergt.

 

An och dem Grasges Malou nach emol en decken Merci fir säin Interessanten Virtrag.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Eisen neie Comité:

 

 

Presidentin: Wolff Liss

 

Vize President: Jacobs Max

 

Sekretär: Wenkin Nadine

 

Caissier: Hilckmann Sarah

 

Bäisetzen: Kieffer Andy

 

Bäisetzen: Junker Jeff

 

Bäisetzen: Kayser Lise