Eis Statuten

An eise Statuten kënnt dir iech en klengen Iwwerbléck dovun verschafen wat eis Zieler an Aktivitéiten sinn. Eng méi konkret Lëscht vun eisen Projeten an eiser Arbescht fannt dir demnächst hei op eisem Site. Wann dir wëllt regelméisseg um Lafenden bleiwen kënnt dir eis Facebook-Säit liken an Member an eisem Facebook-Groupe ginn.

Am Joer 2014 hunn den Andy Kieffer a Carmen Graff zwou kleng lëtzebuergesch Juegdgruppen an engem sozialen Netzwierk fusionéiert. Keen huet dee Moment och nëmmen zu enger Sekonn dru geduecht, datt mer eis Arbecht sou u Popularitéit gewënnt. No engem zwee järege Bestoe vum Facebook-Grupp “Passioun Juegd” war dunn den Dag do vun der Grënnung “Passioun Juegd A.s.b.l”. An Zwëschenzäit ass eist Team awer nach beräichert ginn duerch Wolff Liss, Jacobs Max, Hilckmann Sarah, Wenkin Nadine, Junker Jeff an Kayser Lise.

Séier ware mir eis mat den Zukunftszieler eens: 

Opklärungsaarbecht iwwer Juegd & Natur 

Evenementer organiséiere mat a fir eis Memberen & Interessenten 

Mir engagéieren eis fir eng gutt Zesummenaarbecht mat                             Organisatiounen/Institutioune mat deene selwechten oder ähnlechen Interessen (Juegd, Natur & Ëmwelt) 

Zesummenaarbecht mat regionalen Organisatiounen/Institutiounen, déi nohalteg Liewensmëttel an/oder Produiten hierstellen. 

Schutz & Fuerderung vu Fauna & Flora 

Nohaltegkeet an der Juegd 

Eisen Numm “Passioun Juegd” splécken mir selwer ëmmer erëm gär an zwee Deeler. Zum engem verteidege mir natierlech den Interessi vun der Juegd a wëllen dëst Thema der Gesellschaft erëm méi no bréngen. 

Deen aneren Deel ass “Passioun”. Mir wëlle weisen datt déi Passioun fir op Juegd ze goen ganz aner Kärpunkten huet wei just mat engem Schoss un den Endproduit ze kommen. Prinzipiell intresséiert sech de Jeeër/in fir Déieren, Nohaltegkeet, eis Natur- an Ëmwelt ze ënnerstëtzen a regional ze liewen. Wéi eng Saachen dat am Detail kenne si wëlle mir iech mat diversen Aktivitéiten iwwer Joer verdeelt weisen. 

Leet är Viruerteeler of an entdeckt dem Jeeër/in seng Welt mat eis zesummen. 

Bei Froe kennt der eis gär per Mail kontaktéieren, 

info@passiounjuegd.lu

Download
Statuten
statuten02.09.2019.pdf
Adobe Acrobat Dokument 75.7 KB