Säit 2016 ass Passioun Juegd offiziell als A.s.b.l agedroen. Mir schaffen am Sënn vun der Natur, Emwelt, Nohaltegkeet an der Juegd an dat alles op fräiwëlleger Basis. Verschidden Projeten sinn jo scho gelaf wéi z.B eis Fleece- a Kaapenaktioun. An Zukunft soll et awer mei konkret Aktivitéiten zu deenen uewen genannten Schwéierpunkter ginn an Marchandisen nierwensächlech laafen. Fir eis ze ennerstetzen an dofir och nach perseinlech Virdeeler ze hunn, nierft dem Ennerstetzen vun der heemescher Fauna & Flora, hu mir Membre d’honneur Karten ageriicht.

Wéieng Virdeeler hun ech doduerch?

  • Eist grousst Netwierk mat Jeeër an aneren Naturfrënn notzen
  • Kontakter knäppen a fleegen
  • Hëllef fir Jongjeeër
  • Gratis Annoncen op eiser Internetsäit an am Grupp schalten (Verkaafen, Sichen, Juegdpartner sichen oder fannen, etc...)
Präislech Virdeeler bei eise "Passioun Juegd" Marchandise
  • Christophe Poissonnier:
  • 10% op den Biller

 

  • Armurerie Freylinger:
  • 10% op Kleeder
  • Spezial Offeren 
  • gratis aschéissen vun 1 Waff

 

  • Fox Design Print:
  • 20% op egal weieng commande bei Foxprint

 

  • Hunting-Sport S.A.R.L
  • Bei Iwwerweiseung oder Boerbezuelung:
  • 100€ Direk-Rabatt ob Wärmebildkamera an Nachtsichtgerät vum Stock ab 2000€
  • 50€ Direkt-Rabatt op Wärmebildkamera an Nachtsichtgerät vum Stock bis 1999€

Wéi kann ech dann Member ginn?

  • 20 € op den LU79 0030 4600 0464 0000 (BGL BNP Paribas - BGLLLULL) iwwerweisen
  • Numm, Adress an EMail onbedéngt vermierken
  • Wann d'Suen op eisem Kont agaangen sinn, krit dir är perséinlech Memberskaart heemgeschéckt