Aktuelles


Memberskaart 2019

  • Memberskaarten fir d'Joer 2019 sinn ab dem 10. Dezember 2018 disponibel. 
  • Den Beitrag fir 2019 ass 20 EURO, wat mir an eiser AG 2018 ugekënnegt hunn.
  • 20 EURO op den LU65 0099 7800 0048 7611 (Raiffeisen - CCRALULL) iwwerweisen.
  • Numm, Adress an E-Mail onbedéngt vermierken.
  • Wann d'Suen op eisem Kont agaangen sinn, krit dir är perséinlech Memberskaart heemgeschéckt.

 


Mellt eech elo vir eis Newsletter un an verpasst keen Event méi !


Schéisskino

Den 24.09.2018 hunn mir vir eis Memberen zwou Stonnen am Schéisskino zu Großkampenberg reservéiert, ewéi all Joer war et en groussen Succès. Dësen Schéisskino bitt den Leit méi Übung an sou och méi Sécherheet fir Klappjuegd Saison. Fotoen vun den Leit déi dobäi waren, fannt dir an eisem Fotoalbum. Merci fir jiddereen deen dobäi war.


Journées de la chasse et de la forêt '18

Vum 22.-23.09.2018 war journées de la chasse et de la forêt zu Nidderfeelen beim Frauenberg, fir eis war et en flotten Weekend mat sympatheschen Leit. Mir soen all den Leit Merci déi eis besicht hunn, an déi och bei eisem Rootspill matgemaach hunn. An en greussen Merci un den Paul Frauenberg an Sauer, déi eis Stee vun der Béchs méiglech gemaach hunn.


Coupe Passioun Juegd 2018

 

 

Eis 2. Coupe déi den 26. August 2018 zu Déifferdeng um Schéissstand statt fonnt huet, war en vollen Erfolleg.

Mir soen all Tireuren en groussen Merci dass dir dobäi waart.

An natierlech och en Merci un eis Sponsoren an dem Philippe Graff deen dëst Event all Joers méiglech mëscht.