Mir schaffen mat enger Rei Partner-Entreprisen an Organisatounen zesummen déi deelweis eisen Memberen verschidden Virdeeler ewéi Reduktiounen offréieren. Hei fannt dir eng Lëscht vun eisen aktuellen Partneren. Méi Infoen fannt dir op den jeeweilegen Internetpräsenzen.
Als Member vu Passioun Juegd krit dir beim Adventurestore.lu 5% Reduktioun op d'ganzt Sortiment.
D'Armurerie Cloos bitt eise Memberen exklusiv Promotiounen déi mir dee Moment publizéieren.
Mir schaffen a ville Punkten mat den Bûcherons du Nord zesummen, ënnert anerem sinn mir um Bëschfest mat Atelier'en vertrueden. Eis Memberen bezuelen fir d'Bëschfest nëmmen 3€ Entrée amplaz 5€.
Den Freelander's bitt eise Memberen 4% op Outdoor- a Juegdschung a Stiwwelen. Zesummen mat den 6% déi een mat enger Clientskaart krit mecht dat 10%.